12.10.2019 > 12.10.2019
Theater & Kabarett
CABARET BATTER SÉISS

Zielpublikum : Alle

Veranstalter : <>TRIFOLION Echternach</>

Veranstaltungsort : TRIFOLION Echternach

Straße : 2 Porte St. Willlibrord

Haus/ Gebäudenummer :

Postleitzahl : L-6486

City : Echternach (lu)

Eintrittspreis : 20 / 0

Webseite : hier klicken

Tel : 0

Email : c

Wann een d?Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi klengen Décisioune wëllt verstoen an novollzéien, da kennt een noutgedrongen ëmmer nees zum selwechte Schluss. Et geet bal ëmmer just nëmmen ëm dat eent, an dat ass de Fric. Vill Décisiounen si Gëft fir de Fridden, fir d? Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. Egal?! Wann herno d ?Kees stëmmt, ass dann alles an der Rei? Oder vläicht awer net?
Et gëtt zwar behaapt, datt de Fric net géif glécklech maachen, mee et beroueg awer immens, wann een es huet. Am ëffentlechen an am private Liewen ass dat méi wéi wouer. An hirem neie Programm 2018/19 mécht sech de Cabaret Batter Séiss, wann der wëllt och zesumme mat iech, Gedanken zu dem Thema Fric, an dofir heescht hiren neie Programm: Et geet ëm de Fric!
Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Thematik. Et ass dem Ensembel säin 10. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Liette Wilgé, zesumme mat den Acteuren Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D? Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner.

Mam: Rob Wagner, Liette Wiltgé, Vicky Wagner, Gérard Heinen

 

Filmtipps des Tages
Les fugitifs auf CLUB RTL um 20:05
La méthode Williams auf RTL TVI um 20:30
L'équipée sauvage auf TCM CINEMA um 20:50
Le tour du monde en 80 jours auf RTL 9 um 20:55